Tourismus

Uerchtert d’Ländchen

De Grand-Duché vu Lëtzebuerg läit am Häerz vun Europa, tëschent der Belsch, Frankräich an Däitschland. D’Land huet eng Surface vun 2.586 km2 an eng Populatioun vun ongeféier 459.500 Awunner.

Di gréissten Nord-Süd Längt (Huldange-Rumelange) as 82 km,

di gréissten Ost-West Längt (Rosport-Perlé) 57 km

D’Lëtzebuereger sin Trilingual: se schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, e groussen Deel schwätzt awer och Englesch.

De Grand Duché huet en temperéiert Klima ouni Extremer.

D’Land ass an 2 grouss Regiounen agedeelt: D’Eisléck oder Oesling am Norden, waat 2 Drëttel vum Territoire ausmecht an d’Guttland am Zentrum, Osten an Süden um Rescht vum Land. Deen héichste Punkt am Land ass 555 Meter zu Huldange an deen déiwsten den Zesummefloss vun Musela Sauer zu Waasserbëlleg mat 270 Meter.

Eis Jordausend Haaptstadt mat sengen Fortifikatiounen an historeschem Käer huet eng weltwäit Renommée.
[Luxembourg City]

D’Museldall tëschent Schengen a Wasserbëlleg ass virun allem Wäinregioun vu Land.
[Miselerland]

De romantesche Mëllerdall, eng kleng charmant Géigend am Oste vum Land, fascinéiert duerch seng Sandsteen Formatiounen an seng kleng Piet a Quellen an enger wonnerbarer Bëschlandschaft.
[Mullerthal – Die kleine Luxemburger Schweiz un die Untersauer]

De Norden vum Land, d’Eisléck, ass geprägt duerch grouss Bëschsurfacen, impressionnante Schlesser an de Stauséi vun der Uewersauer.
[Office Régional du Tourisme – Eisléck]

D’Landschaft am Süd-Osten, de Minett, mat senge roude Steng weist op di eemolleg Eisen- a Stoolindustrie hin.
[Redrock Region]

Duer dës Stoolindustrie ass Lëtzebuerg, am Ufank vum 20. Jorhonnert, zu deem héchindustrialiséierte Land ginn waat et haut ass. Duerch seng politesch Stabilitéit an säin liberalt Steiergesetz, huet eist Land sech zu enger wichteger Finanzplaatz an Europa etabléiert. Lëtzbuerg ass eent vun de Grënnerlänner vun der EU an der Nato an dee klengste Memberstaat an der UNO. De Robert Schumann, ee vun de “Grënner”, vun der europäescher economescher Kommunitéit, ass 1886 zu Lëtzebuerg gebuer.

Zu Lëtzbuerg hun eng ganz Rëtsch vun europäëschen Institutiounen hiere Sëtz: d’Court de Justice, d’General Secretariat vum europäëschen Parlament, d’europäësch Investment Bank and nach aaner Bureauen vun der europäëscher Kommissioun.

Weider Informatiounen:

Grand-Duché de Luxembourg
Ville de Luxembourg
Office National du Tourisme